 |

No 20 Joer Pionéier-Aarbecht um Feld vum zäitgenësseschen
Danz huet de „Festival Cour des Capucins“ sech weider entwéckelt,
an en huet d‘Form vun enger esougenannter „Plattform“ fir
den Danz an der Regioun ugeholl.
Dat aus zwee gudde Grënn:
| - |
D‘Lëtzebuerger Zeen huet sech professionaliséiert
an hir Kënschtler hu sech zu interessante Partner am Ausland
entwéckelt. |
| - |
Et ass also wichteg, hinne vill Méiglechkeeten ze bidden,
fir hir Aarbecht ze weisen. |
„Danz Festival Lëtzebuerg“ passt sech den Direktive
vu LuxPlus2007 un, fir och no deem Datum e kontinuéierlechen a
kreativen Austausch am Danz mat der Regioun an d‘Plaz ze setzen.
De Programm 2005 ass ganz op eis Lëtzebuerger Choreografen ausgeriicht.
2006 komme Choreografen aus der Regioun – déi jo fir Lëtzebuerg
ganz villsäiteg ass – dobäi. 2007 ass Austausch an Zesummenaarbecht
geplangt. Wat dann d‘Zukunft bréngt ass eng Dier no baussen,
déi mir zesumme mat onse Kënschtler, onse Sponseren an onsem
Publikum wäit opmaache mussen. An dësem Sënn wënschen
ech alle Bedeelegten: „Fluctuat, nec mergitur!“
Christiane Eiffes
|
 |

Sibelius

Principe d‘Incertitude

Details
|